Et sinn den Ingenieur Emile Mayrisch an de Jurist a Finanzexpert Gaston Barbanson, déi 1909 d'Iddi haten, d'Schmelzen zu Lëtzebuerg an am noen Ausland zu engem grousse Grupp ze fusionéieren an d'Produktioun ze diversifizéieren. Deem gouf eestëmmeg vun de Generalversammlunge vun den betraffene Gesellschaften zougestëmmt, an haut virun 110 Joer, den 30. Oktober 1911 gouf d'Aciéries Réunis Burbach-Eich-Dudelange, ARBED, als Société Anonyme gegrënnt an op der Bourse zu Bréissel kotéiert. Duerch de Kaf vu weidere Schmelzen am Laf vun de Joerzéngten war d'ARBED no der Stolkris an den 1970er Joren deen eenzege Stolproduzent zu Lëtzebuerg. D'ARBED geet 2002 iwwer eng Fusioun am neien europäeschen Grupp ARCELOR op, aus deem dunn 2006 Arcelor-Mittal gouf.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 110 Joer gouf d'ARBED gegrënnt
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.