Den 31. Oktober 1961 zu Dublin gebuer, waren dem Lawrence Joseph "Larry" Mullen seng Elteren der Meenung, datt et gutt wier, wann de Bouf géif Musek léieren an esou krut hie mat aacht Joer scho Pianoscoursen. Viru 50 Joer fänkt hien u Batterie ze spillen, schléisst sech verschiddene Bands un a sicht 1976 an der Schoul e puer Teenager, déi drun interesséiert si mat him eng Band ze grënnen. Mam Paul David Hewson alias Bono, dem David Howell Evans alias The Edge, dem Adam Clayton an dem Dik Evans entsteet "The Larry Mullen Band", déi den Dag drop schonn a "Feedback" ëmgedeeft gëtt. 1978 verléisst lescht genannten d'Grupp, et bleiwen der nach véier iwwereg, déi sech elo den Numm "The Hype" ginn: d'Gebuert vu U2. Deen Numm krut d'Band allerdéngs eréischt 1979 bei enger Demo-Session.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
60 Joer fir de Larry Mullen
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.