arrow_back_ios
Kultur
Liesungen an der VaLibrairie
Well den traditionelle Summerdag vun der Literatur den 18. Juli huet misse wéinst den Iwwerschwemmungen am Nationale Literaturarchiv ofgesot ginn, hate mir eng Rei Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller bei eis op de Radio invitéiert.
An der Emissioun VaLibrairie hunn de Yorick Schmit, d'Margret Steckel, de Joseph Kayser, de Jeff Schinker an d'Anne-Marie Reuter hir nei Bicher virgestallt a kuerz doraus gelies. D'Valerija Berdi huet an engem éischten Deel e Collage mat dräi Buchpresentatiounen zesummegefaasst.