Enn de 1950er Joren a Rumänie war den deemools ee Joer jonken Ungar András Visky zesumme mat senger Mamm a senge fënnef Geschwëster vum kommunistesche Regime a Lageren deportéiert ginn. Dat als Strof dofir, datt hire Papp respektiv Mann, e protestantesche Paschtouer, als "Feind vum System" zu 22 Joer Prisong veruerteelt gi war.
Joerzéngte méi spéit huet den András Visky - an Tëschenzäit e renomméierten Dramaturg - seng Erfarung, déi vu senger Famill an doriwwer eraus déi vun der ungarescher Minoritéit an Transsilvanien am elo op Däitsch iwwersatene Roman "Die Aussiedlung" (Suhrkamp) verschafft.
De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam ungareschen Auteur ënnerhalen.