arrow_back_ios
Kultur
Véier jonk Fotografinne fir den EMoP zu Diddeleng
Zu Lëtzebuerg ass European Month of Photography, a fir dës aachten Editioun ginn am Abrëll no an no 26 verschidden Ausstellungen zum Theema "Rethinking Nature, Rethinking Landscape" op. Zu Diddeleng presentéieren de Service culturel an de Centre national de l'Audiovisuel véier Projete vu véier nach ganz jonke Fotografinnen, déi deels nach studéieren, respektiv just hir Konschtetüden ofgeschloss hunn.
D'Kerstin Thalau ass vun der Marlène Kreins, responsabel fir d'Programmatioun vun den Diddelenger Konschtzenteren, méi gewuer ginn.