Kultur
Eng lieweg "nature morte" am Cercle Cité
D'Evolutioun vun eisem Rapport zur Natur, eis Representatioun vun der Natur haut: dat si Froen, déi net just Fuerscher oder Ëmweltaktiviste beschäftegen, mee och Kënschtler. Zum Beispill d'Fotografin a Sculptrice Justine Blau, Joergang 1977. Vu datt den European Month of Photography 2021 ënner dem Motto "Rethinking Nature" steet, gouf si fir dës aacht Editioun selektionéiert. Am Cercle Cité weist si, an enger Gruppenausstellung, Aarbechte vun hirem Mixed-Media-Projet "Vida inerte". D'Kerstin Thalau huet mat der Kënschtlerin iwwer den Ausgangspunkt a véier Joer Recherche geschwat.