arrow_back_ios
Kultur
"Rethinking nature" mat Fotoen am Märeler Park
2007 hu sech Foto-Associatiounen aus enger hallwer Dosen europäesche Stied zesummegedoen, fir gemeinsam den EMoP oder European Month of Photography ze organiséieren, an op déi Manéier d'Fotografie ze promovéieren. 2021 ass déi aachten Editioun, ënner dem Titel "Rethinking nature".
Enn Abrëll an Ufank Mee ginn zu deem Thema zu Lëtzebuerg 26 Ausstellungen op, an zwar esouwuel a Kulturinstitutiounen, wéi och a Galerien ... oder: am Märeler Park. D'Kerstin Thalau iwwer d'Open-Air-Expo "Instincts. Same but different".