Kultur
D'"Providencia" duerch d'Lëns vum Daniel Reuter
Zanter 1969 si Les Rencontres de la Photographie d'Arles feste Bestanddeel vum Summer-Kultur-Kalenner vun Arles. 2017 huet d'ASBL Lëtz Arles eng éischte Kéier Aarbechte vu Lëtzebuerger Fotografen an deem Kader weise kënnen. Och fir 2020 waren zwee Kënschtler vun engem Jury selektionéiert ginn. Mee Rencontres reimt net op Covid-19: d'Manifestatioun gouf komplett ofgesot. Esou datt d'Lëtzebuerger Lisa Kohl an Daniel Reuter am Summer 2021 eréischt a Südfrankräich ausstellen. De Surplus un Zäit hätt fir säi Projet éischter positiv Effete gehat, esou den Daniel Reuter zum Kerstin Thalau.