Kultur
Fir den 100. Gebuertsdag vum Pe'l Schlechter
Haut ass dem Pe'l Schlechter säi Gebuertsdag; awer net egal wéi een. Vu datt hien den 20. Abrëll 1921 op d'Welt koum, kritt hien haut 100 Joer! Den Architekt a Grafiker huet sech mat sengen Affichen, als Pionéier vun der Lëtzebuerger BD, en Numm gemaach. Doriwwer eraus ass de Fils vum Demy Schlechter, de Brudder vum Ger Schlechter an de Monni vum Lambert Schlechter als Auteur erfollegräich. De fréieren Zwangsrekrutéierte hat mat 91 Joer seng Memoiren, mam Titel "De Pol muss an de Krich", publizéiert. 2013 gouf de Pe'l Schlechter dofir mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. An de Jean-Claude Majerus war fir den 100,7 mat dobäi.