Kultur
De Robert Brandy (er)fënnt ëmmer nach nei Weeër
Mat der Expo "Robert Brandy face à lui-même" kuckt den MNHA net just op 50 Joer Kënschtlerkarriär vum Brandy zeréck, respektiv feiert säi 75. Gebuertsdag den 18. Abrëll. Et handelt sech och ëm déi éischt grouss Retrospektiv vun engem nach liewege Lëtzebuerger Kënschtler an eisem Nationalmusée. Bis ewell ass dat net gemaach ginn, fir Jalousien a Rivalitéiten an engem, gréisstendeels semiprofessionelle Secteur, ze ënnerbannen. Mee mam Brandy ass elo mat dëser Traditioun gebrach ginn, och well de Kënschtler haut bal nach grad esou aktiv ass wéi viru 50 Joer. Explikatioune vum Kerstin Thalau.