Kultur
Den DemokratieLabo an der Abtei Neimënster
"Demokratie a Gesellschaft erfuerschen" ass den Ënnertitel vun der interaktiver Expo "Den DemokratieLAbo", déi den Zentrum fir politesch Bildung an der Abtei Neimënster organiséiert huet. De Labo besteet aus 16 Modullen an 61 Statiounen, wou all Visiteur säi Verständnes vun Demokratie teste kann.
D'Valerija Berdi huet sech duerch des aussergewéinlech Ausstellung vun der Michèle Schilt, der Directrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung, féiere gelooss an huet dacks gestaunt. Gitt mat op des experimentell Rees a loosst Iech fir eng Visitt inspiréieren.D'Aféierung huet d'Samira Merenz gemaach.