Kultur
Den Eric Schumacher ass de Laureat vum Prix Arts et Lettres
Den Institut Grand-Ducal gouf 1868 gegrënnt, fir d'Wëssenschaften, d'Konscht an d'Literatur ze promovéieren. Dofir verginn d'Memberen, ënner anerem, zanter 2008, an all zwee Joer, de Prix Arts et Lettres. Laureate waren zum Beispill d'Schauspillerin Nora Koenig, de Pianist Pascal Meyer, d'Autorin Nora Wagener.
2020 sollt de Sculpteur Eric Schumacher, Joergang 1985, mam 5.000 Euro dotéierte Präis ausgezeechent ginn. Wéinst Covid-19 huet d'Remise misse verréckelt ginn a war dunn den 8. Abrëll 2021. D'Kerstin Thalau war an der neier Escher Konschthal mat dobäi.