Kultur
Eng Fabula rasa: de Sandmännche geet an d'Pensioun
Eemol d'Joer, am Wanter, mécht d'Ekipp vun de Rotondë "Fabula rasa", bedeit: si invitéiert Kënschtler, déi Geschichten nei oder op eng ongewéinlech Manéier erzielen. An deem Kontext gouf 2021 och d'Expo "AB, augmented books 2.0" presentéiert. D'Visiteure konnten illustréiert Bicher, déi duerch manuell oder technesch Handgrëffer erweidert gi waren, also Konschtbicher, entdecken. Dorënner ware Skizze fir eng éischt augmentéiert Kannerbuch-Publikatioun vun de Rotonden. Mëttlerweil ass "D'Sandmeedchen" an de Bicherbutteker gelant, esou de Marc Scozzai vun de Rotonden zum Kerstin Thalau.