Kultur
Chantal Maquet: Mat Konscht Verantwortung iwwerhuelen
"Dat huet jo näischt mat mir ze dinn": esou ass der Chantal Maquet hir aktuell Expo am Konschtzentrum Nei Liicht zu Diddeleng iwwerschriwwen. Dräi Joer laang huet sech d'Molerin mat dësem Projet beschäftegt, sech mat Hëllef vun - fir si typeschen - jäizege Faarwe mam Theema Lëtzebuerg a Kolonialismus intensiv auserneegesat. Hire Papp koum nämlech 1952 am belsche Kongo op d'Welt, huet do e puer Joer gelieft. Seng Elteren hunn déi a Fotoen a Film festgehalen. Dat perfekt Basismaterial fir der Chantal Maquet hir Aarbechten, wéi d'Kënschtlerin dem Kerstin Thalau erkläert huet.