Kultur
De "Landrush" hannerfroen, an zwar "without rushing"
Mir hunn alleguerte matkritt, datt d'Landwirtschaft, wéi se haut weltwäit bedriwwe gëtt, dramatesch sozial an ekologesch Impakter wäert hunn. An datt de Klimawandel d'Saach nach verschlëmmert. Mee realiséiere mir och, wat dat konkret bedeit?
D'Hamburger Fotojournaliste Frauke Huber an Uwe Martin sinn zanter 15 Joer ënnerwee, sammele weltwäit Temoignagen, maache Fotoen a Filmer, fir duerno an Zeitungsartikelen, Documentairen oder Ausstellungen kloer ze maachen, wat tatsächlech leeft. Zum Beispill bei der Expo "Landrush" am CNA. D'Kerstin Thalau hat d'Geleeënheet, d'Koppel kennenzeléieren.