Kultur
Suessem mécht fir 2022 net schlapp
D'Gemeng Suessem, also d'Uertschafte Bieles/ Éilereng/ Suessem/ an Zolwer, wäert sech um Kulturjoer Esch 2022 bedeelegen, an hire Programm steet. Mëttlerweil hunn déi Responsabel en ënner dem Titel "loop-down the hills, across the land" presentéiert. Et handelt sech ëm iwwer 18 Geschichten, iwwer d'Vergaangenheet, de Present an d'Zukunft, déi net nëmmen duerch d'Kënschtler, mee och duerch d'Awunner - am espace public - solle lieweg ginn.
D'Kerstin Thalau ass vun der artistescher Direktesch Anna Loporcaro méi iwwer d'Genèse vum Projet gewuer ginn.