Kultur
DKollage mam DKollektiv
Viru fënnef Joer huet sech den DKollektiv gegrënnt, fir sech um Site vum fréiere Walzwierk vun Diddeleng, zesumme mat Kreativen, Wëssenschaftler, Laminoire-Aarbechter an Interesséierten, mat Industriekultur ze beschäftegen. Vu datt op der Plaz en neie Wunn-Quartier entstoe soll, konnt de Grupp sech just temporaire an enger vun den Halen installéieren. Mëttlerweil gouf d'Roll vum DKollektiv awer och vun offizieller Säit unerkannt, esou datt en nei Aktivitéiten an zwou aneren Hale fir Esch2022 accordéiert krut. En Vue dovunner hat den DKollektiv de Weekend vum 19. an 20. Mäerz DKollage. D'Kerstin Thalau war zu Diddeleng.