Kultur
D'Œuvre œuvréiert fir Tiers-Lieux culturels 2022
An de leschte Jore gouf der Kultur-Ekipp vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte kloer, datt zu Lëtzebuerg kreativ Raim fir Kënschtler feelen. Doriwwer eraus krute si ëmmer méi Demande vu Kollektiver, déi Moyenen gesicht hu fir sech, zum Beispill an enger Industriebrooch, ze installéieren: fir do a gedeelten Espacen, mat gedeeltem Material, am Austausch, och mat der Ëffentlechkeet, kënschtleresch aktiv ze ginn.
D'Œuvre huet decidéiert, dräi sougenannt Tiers-Lieux culturels am Kader vun Esch 2022 ze ënnerstëtzen. D'Kerstin Thalau mat Explikatiounen