arrow_back_ios
Kultur
The end my friend
Mat sengem Theaterstéck "Fir wann ech net méi kann" gouf de Romain Butti mam Nationale Literaturpräis 2018 ausgezeechent. Ënner der Regie vum Ronald Dolfing sollt Stéck ënner dem Titel "The end my friend" an der Téitenger Schungfabrik de leschte Mäerz opgeféiert ginn. Corona a Confinement haten dëse Projet op Äis geluecht an elo koum eppes anescht dobäi eraus: Eng Opnam vum Stéck, déi am Ciné Utopia gewise gouf an deemnächst och gestreamt gëtt. D'Valerija Berdi informéiert.