arrow_back_ios
Kultur
D'Enn vun de Paräisser Cabareten?
Moulin Rouge, Crazy Horse, Paradis Latin: D'Paräisser Cabarete si weltberüümt. Mee d'Corona-Pandemie trëfft se haart. Hir Clientèle besteet zu engem groussem Deel aus Touristen, déi op Grond vun der Pandemie d'lescht Joer ausgefall sinn. Dëst Joer wäert et warscheinlech net anescht ausgesinn. Ass dat d'Enn vum French Cancan? Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn huet versicht, eng Äntwert op dës Fro ze fannen.