arrow_back_ios
Kultur
Djordje Balasevic - De jugoslawesche Bob Dylan ass dout
De pannonesche Matrous, huet hie sech selwer genannt, de leschte Jugoslaw, titelt den éisträichesche Standard, de jugoslawesche Bob Dylan, de Schwäizer Tagesanzeiger. An der ganzer internationaler Press kritt de Djordje Balasevic, deen de leschte Samschdeg un de Folge vum Covid-19 gestuerwen ass, en Noruff. De Chansonnier aus Novi Sad huet och d'Liewe vun eiser Mataarbechterin Valerija Berdi gepräägt. Si stellt eis elo dësen aussergewéinleche Museker vir.