Kultur
Fuesserie "Jonker an Transitioun": eng Intro
Corona huet de Konschtmilieu dozou bruecht doriwwer nozedenken, wéi ee Kultur och anescht diffuséiere kann. Villes war op eemol online ze gesinn, mee och den Espace public gouf als Ausstellungsplattform genotzt. Do ass d'Konkurrenz, zum Beispill a Form vu Publicitéit oder Stroosseschëlter, natierlech grouss.
Am Märeler Parc gi bis Abrëll 2021 zéng riseg schwaarzwäiss Portraite vu Jugendleche presentéiert: si sinn direkt als Konscht ze identifizéieren, well se iergendwéi ... anescht sinn. D'Kerstin Thalau ass vun der Fotografin Séverine Peiffer méi iwwer hir Technik gewuer ginn.