Kultur
Konscht déi beweegt bei "Figure in Print"
D'Drockgrafik-Sammlung vun der Nationalbibliothéik zielt haut iwwer 2.000 Aarbechten. Zanter 1990 ass d'Collectioun opgebaut ginn, mee eréischt zanter der Ouverture vum neie BNL-Gebai um Kierchbierg ka se richteg analyséiert ginn; an der Ënneschtgaass war dofir einfach keng Plaz. Ënner dem Titel "Figure in Print" maachen d'Nationalbibliothéik an den Nationalmusée an zwou interessanten Expoen zum Theema "Gravure zu Lëtzebuerg" hir Schätz dem breede Public zougänglech. D'Kerstin Thalau huet d'BNL-Curatricen no hire perséinleche Coups de coeure gefrot.