Kultur
Pretty in Print: "Figure in Print" an der BNL
"Figure in Print" ass den Titel vun enger nawell interessanter Duebelausstellung am Nationalmusée um Fëschmaart an an der BNL um Kierchbierg: an Zesummenaarbecht mat der ASBL Empreinte hunn d'Kulturinstitutiounen an hire Sammlungen no de pertinente Gravuren, déi zu Lëtzebuerg zanter 1945 zum Theema Mënsch entstane sinn, gesicht. Den MNHA presentéiert d'Voleten "Portrait", "Nu" an "Abstraktioun"; d'BNL "De Mënsch a Beweegung" an "De Mënsch an der Gesellschaft". Den Tour duerch d'MNHA-Expo hat d'Kerstin Thalau scho mat Iech gemaach, elo geet et an d'BNL.