arrow_back_ios
Kultur
"AB, augmented books 2.0" an de Rotonden
Eemol d'Joer mécht d'Équipe vun de Rotonden "Fabula rasa", bedeit: si invitéiert Bühnekënschtler, déi Geschichten nei oder op eng ongewéinlech Manéier erzielen. An deem Kontext ass, bis de 7. Februar, d'Expo "AB, augmented books 2.0" fir Visiteuren op. Hei sollen illustréiert Bicher, di net alldeeglech sinn, déi duerch einfach manuell oder technesch Handgrëffer erweidert gi sinn, also Konschtbicher, dem breede Public zougänglech gemaach ginn. De Marc Scozzai vun de Rotonden huet d'Kerstin Thalau duerch d'Ausstellung guidéiert.