Kultur
Luxemburg und der Zweite Weltkrieg - Resistenz a Repressalien
Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ware wärend dem Zweete Weltkrich ëmgesidelt an och deportéiert ginn. Am leschten Deel vun der Serie iwwer de Lëtzebuerger Literaturbetrib wärend der Nazi-Besatzung ginn d'Repressalien, deene Lëtzebuerger Auteuren ausgesat waren, thematiséiert.
D'Valerija Berdi mat Erklärunge vun der Daniela Lieb, wëssenschaftlech Mataarbechterin am Centre national de littérature, wou d'Ausstellung "Luxemburg und der Zweite Weltkrieg" bis den 31. Juli 2021 presentéiert gëtt.