Kultur
Der Anke Reitz hir Begeeschterung fir Kaartespiller
Wéi fërdert een de Versteesdemech tëschent de Mënschen? Fir den Edward Steichen war d'Äntwert evident: mat Hëllef vun der Fotografie, well déi als universell Sprooch vu jiddwerengem verstane gëtt. Viru 65 Joer hat seng Foto-Ausstellung "Family of Man" hiren éischte Vernissage am MoMA; zanter 1994 ass d'Expo am Klierfer Schlass doheem. 163 amerikanesch a 70 europäesch Fotografe sinn op der "Family of Man" vertrueden. Dorënner erstaunlech vill Fotografinnen. Eng dovunner huet d'Anke Reitz, Conservatrice vun de Steichen Collections, besonnesch impressionéiert. Explikatioune Kerstin Thalau.