Kultur
Mat Luucht dem Foyer vum Mudam eng aner Identitéit ginn
De Multi-Milliardär François Pinault ass net just als erfollegräichen Entrepreneur bekannt, ma och als aflossräiche Konschtsammler. Aarbechte vun Andy Warhol, Mark Rothko, Jeff Koons oder Damien Hirst weist hien zum Beispill an zwee historesche Lieuen zu Venedeg, di hien a Muséeën ëmfunktionéiere gelooss huet. Zanter 2019 ass d'Équipe vum Mudam am Kontakt mam Pinault fir eenzel Wierker aus hirer Sammlung mat sengen am Pei-Musée ze konfrontéieren. Vum 12. Dezember un geet et ëm den Dialog tëscht 2 Luuchtinstallatiounen. Explikatiounen Kerstin Thalau.