arrow_back_ios
Kultur
"Greenlights" vum Matthew McConaughey
Seng Filmkarriär hat Ufank den 90er Jore gutt ugefaangen, mee an den 2000er Jore war den Acteur McConaughey am Genre vun der romantescher Komedie (RomCom) ënnergaangen. Et huet vill Zäit a Krämpes kascht fir sech nei ze orientéieren, mee den Oscar fir den "Dallas Buyer Club" war d'Konsekratioun. Wéi den Acteur dës Zäit an aner Momenter erlieft huet, kann een elo am Buch "Greenlights" noliesen.