arrow_back_ios
Kultur
Mam Bert Theis duerch de Mudam "driften"
25 Joer ... fir eng Musées-Sammlung ass dat nach kee wierklechen Alter. Mee vu datt déi vum Mudam mëttlerweil aus 700 Wierker besteet, déi sech weise kënne loossen, huet d'Mudam-Ekipp decidéiert, de ronne Gebuertsdag mat enger grousser Expo ze feieren. An eise Beitrag dozou?
Mir stellen Iech verschidde Wierker an hir Kënschtler eenzel vir. De Lëtzebuerger Bert Theis ass direkt véiermol an der Kollektioun vertrueden; d'Kerstin Thalau an d'Marie-Noëlle Farcy hunn d'Aarbecht "Drifters" selektionéiert.