arrow_back_ios
Kultur
Revolutioun vun der Visibilitéit duerch d'Viralitéit
Zanter datt se vill a séier op soziale Medie gedeelt kënne ginn, si Biller méi visibel, seet den André Gunthert. Fir de franséische Spezialist vun der Geschicht vum Visuelle kënnt déi digital Entwécklung gewëssermoossen och de benodeelegte Minoritéiten an der Gesellschaft zegutt.
Den André Gunthert hat d'lescht Woch eng Videokonferenz gehalen am Kader vum Forum Arts, Médias et Société vum Konscht-Casino. E Bäitrag vum Michel Delage.