arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Gesond Ernährung a Beweegung als Preventioun bei Diabetis

Gesond Ernährung a Beweegung als Preventioun bei Diabetis

De Weltdag vun der Zockerkrankheet, de 14. November, ass ëmmer nees eng gutt Geleeënheet fir op d'Problematik vun dëser chronescher Krankheet anzegoen.


D'Theema vum Weltdiabetikerdag fir 2020 ass "D'Fleegepersonal an Diabetes", fir ze weisen, wat fir eng wichteg Roll d'Infirmiere bei der Gestioun am Alldag, mee och bei der Diagnos an der Preventioun vun der Zockerkrankheet spillen. Dëst Theema gouf scho virun der Covid-Pandemie gewielt, mee weist elo esou méi wéi wichteg et ass, dësem wäertvolle Beruff weltwäit déi néideg Unerkennung ze ginn.


Weltwäit ginn et méi wéi 450 Milliounen Diabetiker, 2035 sollen et der souguer 600 Millioune sinn, Preventioun ass also et wichtegt Theema, wou och d'Dieteticiennen e wichtege Bäitrag kënne leeschten. Zu Lëtzebuerg ginn et schätzungsweis méi wei 30.000 Diabetiker, an d'Tendenz geet weider erop. Dovun hunn 90 Prozent en Diabetes vum Typ 2, deen ee bekanntlech duerch eng gesond Liewenshygiène ka vermeiden, respektiv zäitlech no hanne ka verschiben.


Dofir gëtt weltwäit op Preventioun gesat an op eng gesond Ernärung a genuch Beweegung gepocht. Well Typ 2 Diabetes ass scho laang keng Wuelstands- oder Zivilisatiounskrankheet méi, déi ee just an de räichen, industriell staark entwéckelte Länner erëmfënnt. Och an aarme Länner aus Afrika oder Asien, wou een éischter un Ënnerernärung an Honger denkt, ass Typ 2 Diabetes eng grouss Erausfuerderung, zemools et do manner gutt Behandlungsméiglechkeete ginn.


Eng gesond Ernärung ass also e wichtegen Deel vun der Preventioun vum Typ 2 Diabetes, mee dréit och zu enger effikasser Behandlung vun all Form vun dëser Krankheet bäi.


D'Wëssenschaftler si sech iwwer d'Grondprinzippien vun enger gesonder Ernärung eens, si sinn dofir weltwäit och zimmlech déi selwecht a kënne jee no Kultur a Gewunnechten adaptéiert ginn.


Allerdéngs huet leider net ëmmer jiddwereen Zougang zu deene richtege Liewensmëttel, dofir ass der Weltgesondheetsorganisatioun hir Fuerderung, datt gesond Ernärung soll e Recht sinn an net just e Privileeg.


Folgend allgemeng Reegele fënnt een och an de Recommandatioune fir d'Preventioun vun Häerzkreeslafkrankheeten, Kriibs, an anere chronesche Krankheeten.


Op där enger Säit huet ee Liewensmëttel, déi méi dacks sollen op eisem Teller ze fanne sinn, wéi



Frëscht Geméis an Uebst, wa méiglech regional a saisonal

Vollkar Kären, Brout an Deegwueren, egal op dat elo Weess, Dinkel, Wëllkar, Räis, Huewer, Quinoa asw ... ass

All Zorte vun Nëss a Kären, wéi Wal-, Hiesel- oder Cashew- an Afenëss, mee och Kürbis-, Sesam-, Sonneblummen, Chia-, oder Leinsamekären

Ongesiedegt Fetter aus Uelegfriichten, wéi Oliven, Raps, Sesam, Arachiden, Mais, Sonneblummen ...

Fermentéiert Liewensmëttel, wéi Jughurt oder Kefir

Genuch Flëssegkeet duerch Waasser an Téi ouni Zocker, Kräidertéi oder Kaffi



Dogéint solle folgend Liewensmëttel nëmmen hei an do, an a klenge Quantitéite konsuméiert ginn:



All séisst Gedrénks wéi Cola, Limonaden a Jus

Gesiedegt a gehäerten oder Trans-Fetter aus Mandarinnen, Palmfett, industriell hiergestallte Kichelcher a Séissegkeeten oder Schockelasbotter

Am allgemenge si staark verschafften an transforméiert Liewensmëttel oder wäiss a raffinéiert Mielprodukter a Brout ze vermeiden, grad esou wéi Charcuterie a rout Fleesch.



Invitée beim Angie Maquil ass d'Diététicienne Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète: www.ald.lu

Episoden

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag | © Chinnapong

E bëssen zeréckschalten- Faaschtenzäit am Alldag

An enger Zäit vum Iwwerfloss: Wat Faaschten haut bedeite kann - manner Reizer, méi Rhythmus an e bewossten Ëmgang mat Iessen.
headphones

8 min

play_arrow
Iessstéierungen | © digitalista / Bigstock

Iessstéierungen

Anorexie, Boulimie an d’Binge-eating-Stéierung ginn tehamtiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken | © Brebca

Mir iessen mat all eise Sënner: Wat Faarwen a Musek beim Iesse bewierken

Faarwen, Musek a Beliichtung beaflossen '‘Stëmmung, den Appetit an de Genoss - a weisen, firwat genossvollt Iesse méi gesond a méi zefriddestellend ass.
headphones

9 min

play_arrow
Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach | © Marika Kosheleva

Gesond iessen dat schmaacht - trotz batterem Nogeschmaach

Wéi wierke Batterstoffer aus de Liewensmëttel op eis Gesondheet ?
headphones

11 min

play_arrow
D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

D'Ernärung bei Erkältungen, wat eegent sech?

Kann ee mat gesondem Iessen dem Houscht a Schnapp entgéint wierken?
headphones

10 min

play_arrow
Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Back to the roots - Al Geméiszorten nei entdecken

Mir huelen d‘Wuerzelgeméis ënner d’Lupp an entdecken, wéi eng wäertvoll Inhaltsstoffer et enthält.
headphones

12 min

play_arrow
Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaschten am Realitéitscheck

Intervallfaaschten ass en Trend - mee wat ass wëssenschaftlech beluecht? Eng komplett Aschätzung zu Notzen, Mythen, Fraen a laangfristeger Gesondheet
headphones

7 min

play_arrow
Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen | © Bigstock

Diabetes am Beruff - Zesumme schaffen

Diabetes am Aarbechtsalldag: Erausfuerderungen, Mythen an d’Roll vum Employeur, de Kolleegen a Betraffen
headphones

4 min

play_arrow
Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

Mat klenge Schrëtt zu méi Liewensqualitéit

De Joresufank ass d’Zäit vun de gudde Virsätz. Méi gesond iessen ass ee vun deene beléiftsten.
headphones

9 min

play_arrow
Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien? | © Bigstock

Wéi verleeft d’Ernärungsberodung bei enger Diététicienne/engem Dieteticien?

Wiem kann esou eng Berodung hëllefen, a wéi eng Sujete ginn an enger Ernärungsberodung behandelt?
headphones

12 min

play_arrow
Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech? | © Bigstock

Fast Food am Fokus: Wat erlieft eise Kierper wierklech?

En Abléck an déi neurobiologesch an ernärungswëssenschaftlech Mechanisme vu Fast Food souwéi Strategië fir méi bewosste Genoss
headphones

9 min

play_arrow
Gesond Zosen | © Bigstock

Gesond Zosen

Ze fetteg, ze salzeg oder ze mielzeg, da léiwer drop verzichten, oder net?
headphones

12 min

play_arrow
Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8 | © Bigstock

Uebergewicht und Adipositas - Studie HealthyW8

Eine neue europaweite Studie soll dabei helfen, Adipositas einzudämmen - worum geht es.
headphones

14 min

play_arrow
Fäerdegproduiten | © Bigstock

Fäerdegproduiten

Si se wierklech esou schlecht, wéi ëmmer gesot gëtt?
headphones

8 min

play_arrow
Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng | © EHTL

Eng nei Etapp fir d’EHTL: de Campus Sud zu Wickreng

2025 mécht d’EHTL en zweete Campus zu Wickreng op a bréngt seng Expertise méi no bei d’Schüler:innen aus dem Süde vum Land.
headphones

6 min

play_arrow
Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Boxemännercher, Liefkuch a Stollen

Beléifte Schneekegkeete verbonne mat Traditioun, déi eis op Niklosdag, Advent a Chrëschtdag astëmmen.
headphones

11 min

play_arrow
Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese? | © Bigstock

Bioaktive Planzenstoffe wie etwa Polyphenole - wie wichtig sind diese?

Nicht lebensnotwendig aber hilfreich? Was ist dran an Polyphenolen, Karotenoiden, Pflanzensterolen und anderen?
headphones

7 min

play_arrow
Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill | © vitaliymateha / Pexels

Mat spezielle Forschetten oder Stäbercher zu engem bessere Siedegungsgefill

Kann een ouni Regime just mat méi ongewéinlechem Besteck ofhuelen?
headphones

8 min

play_arrow
Wat ass Prädiabeetes?

Wat ass Prädiabeetes?

Prädiabeetes bleift dacks laang onentdeckt. Dobäi ass en e wichtegt Warnzeechen. Mat Ernärung a Beweegung léisst sech d’Entwécklung dacks nach ophalen.
headphones

4 min

play_arrow
Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen | © Bigstock

Mat Pumpkins den Hierscht gesond a kreativ genéissen

Beléift fir ze iessen an als Dekoratioun
headphones

10 min

play_arrow