Kultur
"Den Zeie vu mengem Liewen"
7 min
An enger Garage an der Stad, huet 1933 e Meedche beschloss seng Bildung vun elo un selwer an d'Hand ze huelen an di Bicher di hat dofir brauch mat Fechtcourse fir d'Nopeschkanner ze bestreiden. An d'Schoul duerft hat nämlech net méi. E Virus mam Numm Antisemitismus hat dat onméiglech gemaach.
Zu Lëtzebuerg huet d'Ruth Troeller - gebuere Kahn - déi spéider als ekonomesch Beroderin geschafft huet, awer och de Journalist Gordian Troeller kennegeléiert, mat deem si sech bestuet huet. Zesummen hunn si de Krich an der Resistenz erlieft. Wéi si sech nom Krich getrennt hunn, huet d'Ruth Troeller fir d'éischt an England a spéider a Mexiko gelieft wou si op enger Uni enseignéiert huet an den Troeller Institute for Global Studies gegrënnt huet. Hier Tagebicher di si an engem Zäitraum tëscht 1930 an 2000 geschriwwen huet, sinn e wichtegt Zäitdokument. Si sinn am Archiv vun der Universitéit Stanford konservéiert.
De Stephen Murray Kiernan ass Direkter vum Carlyle Institute of Latin America (CILATAM). De gebiertegen Ir huet d'Ruth Troeller gutt kannt, bis zu hirem Doud am Mäerz dëst Joer, am héijen Alter vun 101 Joer. De Frédéric Braun huet sech mat him ënnerhalen.
Dat ganzt Gespréich lauschteren