Kultur
Mythos a Realitéit: De Projet Atomzentral Remerschen
Datt an de 1970er Joren zu Remerschen eng Atomzentral sollt gebaut ginn a sech eng Biergerinitiativ dogéint forméiert hat ass allgemeng bekannt. Vill Aspekter ronderëm dee Projet, aus deem um Enn näischt gi war, sinn awer net am kollektive Gediechtnes hänke bliwwen.
De jonken Historiker Sacha Pulli huet elo seng Diplomaarbecht iwwert dee Sujet verëffentlecht. "Das gescheiterte Jahrhundertprojekt. Die Geschichte der Atomzentrale in Remerschen von 1973-1979" (Fondation Lydie Schmit) erlaabt et, tëschent Mythos an historescher Realitéit z'ënnerscheeden. De Michel Delage huet sech mam Sacha Pulli ënnerhalen.