Kultur
D'Zäit ass e gurmangsegen Hond
Wat seet Iech den Numm Germaine Hoffmann? Net vill?? Dobäi kënnt si aus enger vun de bekanntste Kënschtlerfamille vu Lëtzebuerg: hire Mann war de Leopold Hoffmann, hire Fils Fränk huet sech am Theater en Numm gemaach, de Schauspiller André Jung ass hiren Eedem. Datt d'Germaine Hoffmann zanter 50 Joer selwer Konscht mécht, haaptsächlech interessant Collagen, war bis ewell just engem méi klenge Krees bewosst. Mee elo huet hir Enkelduechter, déi plastesch Kënschtlerin Sophie Jung, hir eng Aart Retrospektiv am Casino organiséiert. D'Kerstin Thalau war kucken.