arrow_back_ios
Kultur
D'Kulturassisen 2020
De 26. Oktober waren an der Philharmonie, tëschent 9 an 13 Auer, déi drëtt Kulturassisen. 2016 ware se initiéiert ginn, an zwar fir e Bilan iwwer d'Echangen tëschent Kreativen, Politiker a Vertrieder vun Administratiounen ze zéien, plus den aktuelle Stand vum nationale Kulturentwécklungsplang, kuerz KEP, ze presentéieren. Bei der drëtter Editioun stoungen natierlech d'Effete vun der Corona-Kris op de Konschtmilieu am Mëttelpunkt. D'Kerstin Thalau mat Impressiounen vun der Paneldiskussioun.