Kultur
De Michel Piccoli iwwer de Peter Brook
De britteschen Theaterregisseur Peter Brook gëlt als de Papp vum zäitgenësseschen Theater. Vun 1974 bis 2010 huet hien Les Bouffes du Nord zu Paräis geleet. Haut a muer den Owend gëtt am TNL d'Stéck "Why "gewisen, ënner der Regie vum Peter Brook an der Marie-Hélène Estienne. Am Stéck gëtt sech mam Theater ausenanergesat. Firwat mécht een Theater, u wie riicht sech den Theater?
De franséische, kierzlech verstuerwenen Acteur Michel Piccoli huet am Theater an am Film ënner der Regie vum Peter Brook geschafft. Den Olivier Ortolani hat viru Jore Geleeënheet mam Michel Piccoli ze schwätzen, an huet hien och no senger Zesummenaarbecht mam Brook gefrot. Mir lauschteren elo de Michel Piccoli a seng Vue op de weltbekannte Regisseur.