Kultur
Behescht - Biller a Zeechnunge vum Georges Hausemer
"Wann déi berüümt Angscht virum wäisse Blat do ass, da muss de Schrëftsteller seng Fangeren betätegen" zitéiert d'Susanne Jaspers de Georges Hausemer. De renomméierte Lëtzebuerger Schrëftsteller ass am August 2018 gestuerwen. Nieft dem literaresche Wierk huet hien eng ganz Rei Zeechnungen a Biller hannerlooss, déi de meeschte Leit, déi seng Bicher kennen, onbekannt dierft sinn. E Choix vu senge Biller ginn elo an am Mierscher Kulturhaus gewisen. Et ass och e Buch mat Texter, Biller a Zeechnungen vum Georges Hausemer eraus komm. Alles ënnert dem Titel "Behescht". Valerija Berdi war um Vernissage vun der Expo, déi an Zesummenaarecht vum Mierscher Kulturhaus mam Nationale Literaturzenter a Capybarabooks entstanen ass.