Kultur
Biller vun enger Ausstellung: "Video Quartet"
De Kënschtler Christian Marclay ass spéitstens zanter senger Videoinstallatioun "The Clock", fir déi hien 2011 de gëllene Léif op der Biennale vu Venedeg kritt hat, international bekannt. Dobäi handelt et sech ëm e 24-Stonnen-Zesummeschnëtt mat Aueren an anere Chronometeren aus Filmsequenzen.
D'Ekipp vum Mudam war schonn éischter op de Christian Marclay opmierksam ginn, esou datt de Kënschtler, am Optrag vum Pei-Musée, 2002 d'Videoinstallatioun "Video Quartet" kreéiert huet. D'Kerstin Thalau iwwer eist Musée-Collectiouns-Stéck vun der Woch.