Kultur
"Mateneen" ... mat der Ann Sophie Lindström
D'Fondatioun Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte war 1944 vun der Groussherzogin Charlotte gegrënnt gi fir Krichsaffer ze hëllefen. Et war deemno fir hir Membere viru gutt fënnef Joer selbstverständlech am Kader vun der Flüchtlingskris aktiv ze ginn. Ënner dem Titel "Mateneen" huet d'Oeuvre zwee Joer laang eng 100 kulturell Projeten, zum Theema "Integratioun vun de Refugiéen", finanziell ënnerstëtzt.
Dräi Fotografen hunn d'Aktioune begleet. Hir Fotoe kënnt Dir elo am Cercle Cité gesinn. D'Kerstin Thalau stellt Iech déi dräi Aarbechte vir. Haut déi vun der Ann Sophie Lindström.