Kultur
D'Patricia Lippert an d'Pascale Behrens si lass
Um Fëschmaart ass eng nei Galerie opgaangen, an där ausschliisslech Lëtzebuerger Konscht presentéiert gëtt: d'Fellner Contemporary. Fir d'Ouverture wollt sech de Konschtexpert Hans Fellner natierlech eppes Besonnesches afale loossen. Dofir huet hie fir seng éischt Expo den Duo Patricia Lippert a Pascale Behrens invitéiert. Déi zwee hate viru gutt 20 Joer schonn emol kollaboréiert, mee rezent koum et zu enger Zort explosiver Renaissance vun hirer Zesummenaarbecht. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Patricia Lippert an der Pascale Behrens.