Kultur
Lancement vun der Galerie Fellner contemporary
Gereegelt Mëttespausen tëschent 12 an 2? Feierowend-Shoping tëschent 5 a 6? Esou war dat an der Stad ... fréier, esou de Konschtexpert Hans Fellner. D'Leit géifen haut méi fréi op d'Schaff goen a sech da vill éischter op den Heemwee maachen. Wéi dunn an der Stad och nach d'Chantieren an den Teletravail opkoumen, huet de Fellner decidéiert, seng Konschtbicher-Librairie, no gutt zwee Joer Existenz, den nächste Februar, zouzemaachen. Mee, gëschter Owend huet den Hans Fellner schonn nees eppes Neits opgemaach: d'Galerie Fellner contemporary. D'Kerstin Thalau huet hien um Fëschmaart besicht.