Kultur
E Lauschterbuch-Manifest
2008 ass d'Success-Story ugaangen: deemools huet e Berliner Radio all Woch e Podcast vun de "Känguru-Chroniken" vum däitschen Auteur a Museker Marc-Uwe Kling gesent. Tëschent 2009 an 2018 koumen véier Textsammlungen a Buchform eraus. Parallel dozou war de Kling op Liesreesen, huet verschidden Owenter opgezeechent a Känguru-Lauschterbicher produzéiere gelooss. De Summer 2020 ass de Känguru, ënner der Regie vum Dani Levy, bei eis bis op de groussen Ecran gehoppelt. De Känguru liesen, lauschteren oder kucken? Fir d'Kerstin Thalau ass d'Äntwert kloer.