Kultur
Happy Birthday Arvo Pärt
Mat senge Stécker "Für Alina", "Tabula Rasa" oder "Spiegel im Spiegel", entwéckelt den Arvo Pärt an den 1970 Joren en eegenen Kompositiounsstil, deen hien "Tintinnabuli", bezeechent. Dësen einfache Stil ass vun der mystescher Experienz vum Komponist mam Kierchegesank, gepräägt. Den Arvo Pärt ass ee vun deene beléiftste Komponisten aus eiser Géigewaart a wuel kaum schreift en anere Komponist esou eng Musek, déi duerch Haut a Schank geet. Den estnesche Komponist feiert haut (11.9.2020) seng 75 Joer.
De Manuel Ribeiro huet e Portrait vum Arvo Pärt skizzéiert.