Kultur
De Jordi Ballesta an déi fotografesch Commande
Beim Christian Aschman senger Fotoausstellung "hors-champ", am CNA zu Diddeléng, handelt et sech ëm eng Aart objektiv a subjektiv Dokumentatioun vun der Demolitioun vum Site vum Mierscher Agrozenter, deen 1959 opgaange war. Vu datt an der Expo just 90 vun 800 Fotoe gewise kënne ginn, nieft der visueller och eng gréisser historesch Recherche geleescht gouf, huet de CNA decidéiert, eng Publikatioun zum Theema erauszebréngen. Déi gëtt dëse Samschdeg um 11 Auer presentéiert. Am Virfeld hat de Chercheur Jordi Ballesta schonn e Bléck dra geworf. D'Kerstin Thalau mat senge Reaktiounen am CNA.