arrow_back_ios
Kultur
Och esou entstinn "Forgeries"
Déi Bréisseler Illustratrice a Grafikerin Romane Armand gouf vum Neimënster a vun der Agence Wallonie Bruxelles International fir eng Kënschtlerresidenz am Gronn selektionéiert. An eiser Mediathéik, op www.100komma7.lu, fannt Dir e Reportage iwwer hiren aktuelle Solo-Projet. Lancéiert huet si hir Karriär 2016 awer mat der Publikatioun "Forgeries", fir déi si an der Belsch och ausgezeechent gouf. Vu datt si Exemplairen dovunner mat op Lëtzebuerg bruecht huet, huet d'Kerstin Thalau mat der Romane Armand derduerch gebliedert.