Kultur
Den Andreas Gefeller an déi erweidert Perceptioun
Et war emol ... am Summer 2000: den Düsseldorfer Fotograf Andreas Gefeller flitt mat senger Frëndin op Gran Canaria. Si quartéiere sech fir eng Wandervakanz an engem isoléierte Biergduerf an. Aus Virwëlz woe si sech enges Daags an d'Tourismus-Héichbuergen a si schockéiert.
Den Andreas Gefeller huet seng Impressiounen an der Fotoserie "Soma" erëmginn, déi nach bis de 25. September vun der ASBL Cité de l'image am Espace public zu Klierf gewise gëtt. An déi, 20 Joer méi spéit, a Corona-Zäiten, nei gelies ka ginn. Mengt d'Kerstin Thalau.