Kultur
Seriekritik: "Love on the Spectrum"
Op en Date goen ass am Fong fir all Mënsch op der Sich no Léift, eng zimmlech stresseg Saach. Sinn ech ze opdränglech, stellen ech déi richteg Froen, schweessen ech ze vill, wat soll ech nëmme soen?
Et gi Leit, déi zousätzlech zu deene Froen och nach aner Schwieregkeeten hunn. Zum Beispill, d'Liese vu Kierpersprooch oder d'Ausdrécke vu Gedanken. Déi australesch Dokumentarserie "Love on the Spectrum" begéint a begleet Mënschen aus dem autistesche Spektrum op hiren Dates oder a Bezéiungen, déi scho bestinn.
An all Episod léiert een nei Leit an hir Famill kennen, héiert vun hire Wënsch an erlieft si an hirer Famill, wéi meeschtens bei hirem alleréischten Date iwwerhaapt.