Kultur
An der Escher "Squatfabrik" op eng gesond Distanz goen
Ënnert dem Titel "Squatfabrik" stellt d'Escher Kulturfabrik ee vun hiren Espacen, de ganze Summer 2020 iwwer, fir Kënschtlerresidenze vun zwou Wochen zur Verfügung. Et geet dorëms, de grand public um Kreatiounsprozess deel huelen ze loossen, ma haaptsächlech och, Kreativen an dësen Zäiten eng Plattform ze ginn, Leit zesummen ze bréngen, déi sech net forcément kannt hunn. Sou wéi zum Beispill d'Makramé-Kënschtlerin Sara Caldarola an den Architekt a FabLab-Grënner Rod Baïz. D'Kerstin Thalau huet um Enn vun der Residenz mat deenen zwee Bilan gezunn.