arrow_back_ios
Kultur
Musicals op de Stroosse vu London
Zu London ass den Theatersecteur enorm vun den Nowierkungen vum COVID19 betraff. D'Diere vun den Theatere sinn nach ëmmer zou. Elo ass awer vun der Societéit Silent Tour e Konzept initiéiert ginn, deen den Amateure vu Musicals dierft gefalen. Am Quartier West End, deen och d'Häerz vun den Theateren ass, ass ewell vill lass. Eis London-Korrespondentin Elodie Goulesque war op der Plaz.